19/05/2025
Haut hu mir bei CTI Systems zu Lentzweiler eng Grupp vu ronn 20 motivéierte Schüler vun der Elektrotechnik-Sektioun vum Lycée du Nord - Wiltz bei eis empfaangen.
Am Kader vun hirem Besuch hu mir hinnen en interessante Bléck an eis Produktiounsstruktur ginn – mam Zil, hinnen praktesch Erfarungen an Inspiratioun fir hire beruffleche Wee mat op de Wee ze ginn.
Mat dobäi waren:
• DP3ET (12. Schouljoer) – DAP Elektro Ofschlossklass
• DP1ET (10. Schouljoer) – DAP Elektro
• 4TPST (10. Schouljoer) – Formatioun als Elektrotechniker
Et mécht eis ëmmer erëm Freed, der Zukunft vu muer e Bléck an eis Aarbechtswelt ze ginn – a wien weess, vläicht gesi mir déi eng oder déi aner Persoun geschwënn als Kolleg oder Kollegin erëm.
E grousse Merci un all déi bedeelegt – a vill Erfolleg fir äre weidere Wee!